Pages Navigation Menu

CALL FOR ENTRIES

English text below

Mir géifen Iech gären alueden un onsem kommende lokale Maart de 05 a 06 Mäerz an der Ettelbrécker Däichhal deel ze huelen.

No fënnef erfollegräichen Editioune gouf ‘De Lokale Maart’ vun der Stad Ettelbréck agelueden fir de Produzente vun der ‘Nordstad’eng Professionell Plattform ze ginn a landeswäit lokal Produzenten am Norde virzestellen. Di zwee lescht Joer huet sech de ‘Lokale Maart’ beim Publikum ewéi bei de Participanten als immens populär erwisen. (7.500 Visiteuren am Oktober 2015).

Eis Visiteuren si jonk Professioneller déi interesséiert sinn di lokal Economie ze ënnerstëtzen an äifreg si lokal ze konsuméieren. Och d’Expat Gemeinschaft fillt sech immens vum ‘Lokale Maart’ ugezunn, eng Communautéit déi bislang net richteg gezielt gouf.

Weider Informatiounen iwwert d’Organisatioun an d’Bedeelegungs Käschten oder Spezifikatioune kënnt Dir am bäigehangenen Dokument fannen. Zéckt net eis ze kontaktéiere falls Dir weider Froen hutt letzgolocal@gmail.com.

—————-

The Lokale Maart in Ettelbruck 5&6 March: 60-70 stands, small food truck festival outside, workshops and activities for the whole family!

If you are a professional (business or independent) registered within Luxembourg and would like to present your products or services to the larger audience get in touch with us now! letzgolocal@gmail.com